Maint.

Events

Germaine Goetzinger a Christiane Rausch

13 mai 2024

19:30

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

Gratuit

En Opbroch an d’Modernitéit

D’Aline Mayrisch war eng aussergewéinlech Perséinlechkeet. Si war vill méi wéi nëmmen d’Fra vun dem bekannten Industriellen Emil Mayrisch. Si hat och selwer eppes ze soen.

An enger vun de Männer dominéierter Welt huet si sech fir d’Selbstbestëmmung vun de Fraen agesat a war bereet, wäit iwwer dat erauszegoen, wat de Fraen deemools zougestane gouf. De Virtrag geet op déi verschidde Facettë vun hirem Engagement an, dat sech tëschent Feminismus, sozialer Aarbecht a Literatur beweegt huet.

Zitater aus de Bréiwer an den Texter vum Aline Mayrisch an aneren Zäitgenosse gi vum Christiane Rausch gelies.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

La lecture audio du contenu de la page est active.

Arrêter la lecture