Maint.

Events

Um Ball

01 janvier 1970

0:00

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

Gratuit

„Die schönste Nebensache der Welt” – sou gëtt oft iwwer Fussball tituléiert an dach schéngt et wéi wann dëse Saz just fir d’Männer reservéiert wier. Am Zäitgeescht vun den 1970er, wéi queesch duerch Europa d’Verbueter géint de Fraefussball gefall sinn, goufen och zu Lëtzebuerg éischt Clibb gegrënnt.

Am turbulenten éischte Véierelsjoerhonnert Fraefussball ginn et Versich, eng Nationalekipp ze grënnen, e BeNeLux-Tournoi a mam Progrès Nidderkuer eng Ekipp, déi jorelaang duerch d’Belsch an Däitschland fiert, fir iwwerhaapt kënnen e Fuss- ballschampionnat ze spillen. Ufanks den 2000er kënnt et dann zu engem richtege Boom am Lëtzebuerger Fraefussball – mat enger historescher WM-Qualifikatioun 2021 / 2022, wou et Lëtzebuerg geléngt, 3 Matcher ze gewannen.

Eng gesammelt Geschicht vum Lëtzebuerger Fraefussball gëtt et bis elo net. Den Documentaire „Um Ball” ass den éischte Projet, dee sech mam beléifteste Sport zu Lëtzebuerg auserneesetzt.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

La lecture audio du contenu de la page est active.

Arrêter la lecture