Attention Notre site internet est actuellement en maintenance pour améliorer votre expérience. Fermer

Events

Myriam Sunnen an Doris Feiereisen

26 février 2024

20:00

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

Gratuit

D’Déifferdenger kenne säin Numm dank dem Park Edmond Dune, deen drun erënnert, dass de Franséisch schreiwenden Dichter, Schrëftsteller a Journalist, deen 1987 als éischten Auteur mam Batty-Weber-Präis ausgezeechent gouf, als Kand eng Zäit zu Déifferdeng gewunnt an an de 50er-Joren den Zenario fir de Film „Differdange, ma petite ville“ geschriwwen huet. Vu sengem Wierk hunn d’Éditions Phi ënnert der wëssenschaftlecher Direktioun vum Centre national de littérature a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministère eng Editioun realiséiert, déi all d’Facettë vu sengem Schafe beliicht: seng Poesie, an där d’Natur, d’Kandheet an d’Léift eng grouss Roll spillen, säin Theater, deen existenzialistesch Zich opweist, seng Prosa, déi vu Kuerzgeschichten a sprëtzegen Aphorisme bis zu laange Contributiounen an der Paräisser „Revue Critique“ reecht, a seng Korrespondenz, déi seng international Vernetzungen, säi Wonsch no Unerkennung am Ausland, mee och seng schillernd Perséinlechkeet a säi mouvementéiert Liewen erëmspigelt – den Edmond Dune war Friemelegionnaire an huet de Krich an der Brigade Piron matgemaach.

D’Myriam Sunnen (Konferenz), detachéiert Franséischprofessorin um CNL, an d’Doris Feiereisen (Lecture), Franséischprofessorin a Benevole um CNL, féieren duerch d’Wierk an d’Liewe vum Edmond Dune an erziele vun hirer Editiounsaarbecht u senger Prosa a Korrespondenz.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

La lecture audio du contenu de la page est active.

Arrêter la lecture