Events

Jean Back

31 März 2025

19:30

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

Gratis

De Jean Back liest mam Christiane Kremer Texter iwwert de Minett

De Jean Back huet sech scho fréi mat der Fotografie a mam Zeechnen, och mam Film beschäftegt. No de Joren am Escher Jongelycée huet en am Familljeministère mat schaffen ugefaangen, an ass 1985 an de Kulturministère gewiesselt, wou e matgehollef huet, de Centre national de l’audiovisuel (CNA) an d’Liewen ze ruffen, deem e bis Februar 2016 als Direkter virstoung. Seng bis elo eenzeg Fotosausstellung „Lieux et Portraits au Bassin Minier” gouf 1989 an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng gewisen. Säin éischte Roman „Wollekestol”, a Lëtzebuerger Sprooch, en Hommage u seng Heemechtsstad Diddeleng koum 2003 an den Editions ultimomondo eraus. Duerno goufen eng Partie Bicher publizéiert, e. a. „Amateur”, dat mëttlerweil a siwe Sproochen iwwersat gouf. De Präis vum Europäesche Parlament krut de Jean Back fir seng Kuerzgeschicht „Europäesch Wolleken”. (www.jeanback.lu, www.autorenlexikon.lu)

D’Christiane Kremer ass Journalistin an huet bis zur Pensioun bei RTL Radio- an Tëlee-Emissioune presentéiert. Si huet Cabaretstexter, Theaterstécker, Kuerzgeschichten, Kannerbicher an e Roman geschriwwen.

Musikalesch Begleedung: Nathalie Morettoni a Bob Mersch

*aus „Geckeg Schieter“ publizéiert an „Nuebelschnéier“, 2023, kremart.lu

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden