Jetzt
Neuigkeiten
A- A+

Sproochecafé

Kommt laanscht, üübt eng Sprooch a leiert nei Leit kennen!

Wat ass e Sproochecafé?

Dat ass een Owend an engem flotte Kader, wou interesséiert Leit ganz ongezwongen d’Méiglechkeet hunn, déi Sprooch, déi se geléiert hunn oder grad léieren, och ze benotzen – ausserhalb vum Cours.

U verschiddenen Dëscher gi verschidde Sprooche geschwat: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch, Italieenesch… De Sproochecafé soll eemol de Mount organiséiert ginn.

Konditiounen

Participantë mussen iwwer 16 Joer al sinn, an an der Sprooch, déi se übe wëllen en Niveau A2 hunn.

Wéini?

29.02.24
21.03.24
18.04.24
16.05.24
20.06.24
11.07.24

19:00 – 20:30 Auer
Wou?
Hall O zu Uewerkuer

Matmaachen ass gratis & Gedrénks mat abegraff

Aschreiwung


 

Volontariat

D’Stad Déifferdeng sicht reegelmeisseg Fräiwëlleger, fir déi verschidden Dëscher vum Sproochecafé ze leeden. Interesséiert Persoune musse mindestens 18 Joer al sinn an en Niveau B2 an där Sprooch hunn, déi se wëllen animéieren.

Fir méi Informatioune kënnt Iech bei eisem Chancëgläichheetsdéngscht mellen:
sandra.ribeiro@differdange.lu
T. 58 77 1-1558

 

Kontakt

Abteilung für Chancengleichheit
sandra.ribeiro@differdange.lu
T.: 58 77 1-1558

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden