Jetzt

Events

Kabaret Sténkdéier

12 Dezember 2023

20:00

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

17€

An eisen haarden Zäiten geet d’Welt gefillt op d’mannst eemol den Dag ënner. Mat der Apokalyps virun eis sti mer moies op a no engem mäerdereschen Amoklaf duerch de Labyrinth vu Panik a Paranoia leeë mer eis owes an d’Bett an … kënnen net aschlofen. An der Nuecht geeschtere mer wéi Zombien duerch d’Weltgeschicht.

Wéi solls de dobäi gesond a monter bleiwen, wéi sollen esou deng gutt Laun an deng Zouversiicht net op der Streck bleiwen? Klima a Katastroph, Tornado an Tsunami, Krich a Krawall dreiwen dech an d’Äerm vu Psychologen, Astrologen an aner chronesch Pathologen oder eeben an d’Ofhängegkeet vun hippen Designerdrogen.

Mee elo gëtt et Hoffnung: Eis héichmotivéiert a haarttrainéiert Spezialiste vum Kabaret Sténkdéier bréngen an hirem aktuelle Programm nees Rou a Geloossenheet an Ären Alldag. Si huelen Iech zeréck op de Buedem vun den Tatsaachen a loossen Iech duerch eng rasant Klengkonschttherapie voller Witz an Humor all Äre Misär ee fir alle Mol vergiessen. An dëst alles op Käschte vun der Allgemengheet, dem groussherzoglechen Haff an all deenen aneren Dichtegen a Wichtegen oder deenen, déi sech dofir halen!

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden