Note Our website is currently undergoing maintenance to improve your user experience. Close

Events

Cours de premiers secours en santé mentale – youth

08 October 2024

18:00 - 21:30

École Internationale Differdange

Free

Am Kader vun de Semaines de la santé mentale organiséiert d’Stad Déifferderdeng an Zesummenaarbecht mat der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale e gratis Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet. Den Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet vermëttelt Basiswëssen iwwer psychesch Krankheeten a Krisen an ass fir jiddereen iwwer 18 Joer. D’Participantë léieren d’Unzeeche vu psychesche Problemer bei Jugendleche fréi ze erkennen an déi betraffe Persounen ze ënnerstëtzen.

Praktesch Informatiounen

De Cours besteet aus véier Modülle vu jeeweils 3,5 Stonnen an ass gratis. D’Presenz an alle véier Modüllen ass obligatoresch.

Aschreiwung
vum 1. August bis de 15. September op www.differdange.lu

Wou
Ecole internationale de Differdange
50, Rue Emile Mark
L-4620 Differdange

Datumer
08.10 – 10.10 – 15.10 – 17.10
18.00 – 21.30 Auer

Sprooch
Lëtzebuergesch

Mindestalter
18 Joer

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback