27 November - 13 Dezember 2026
14:00 - 18:00
Espace H2O – Oberkorn
Gratis
Konscht ass aus evolutiounärer Siicht eigentlech net noutwendeg. Awer dem Mënsch säin Drang, eppes Neies ze erschafen, wat virdrun nach net existéiert huet, ass grouss. Konscht hëlleft eis, eis eegen Existenz ze manifestéieren an ze feieren.
80 Joer, an deenen de Bläistëft, de Pinsel, d’Spachtel, de Meessel an d’Feil weidergereecht goufen, fir datt déi grouss Famill vum Art Vivant vun Déifferdeng weiderlieft — mat ëmmer neien Iddien a Visiounen.
Mir hunn déi grouss Hoffnung, duerch eis Konscht an eist Schafen eis Ëmwelt fir d’Leit ronderëm eis e bësse besser a méi schéin ze gestalten.
Vive den Art Vivant!
Workshop Chrëschtdagskaarten: 2. an 9. Dezemeber 2026
Nocturnen: 4. an 11. Dezember, vun 18 bis 20 Auer.
Éiregäscht: Assun Parilla a Menny Olinger
Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden