Diane Catani bietet Geschichten und einen Theaterworkshop für Kinder der Klassenstufen 1.1 bis 3.1 an – mit Croissant und heißer Schokolade für einen guten Start in den Tag!
Beschreibung:
Mat Hëllef vun engem magesche Schlëssel reese mir an eng Fantasie-Welt. D’Kanner begéinen do verschidde Figuren an Handpoppen, déi hinnen eng bilingual Geschichtop Lëtzebuergesch & Franséisch erzielen. Wärend dem Erziele ginn si aktiv mat agebonnen. Duerno kënnen d’Kanner d’Rollen aus der Geschicht iwwerhuelen an zesumme presentéiere si nach eemol d’Geschicht op Lëtzebuergesch. D’Kanner kréien esou e spillereschen Zougang zu der Lëtzebuerger Sprooch. Si üben duerch déi partizipativ Erzielung ongezwongen d’Sprooch an erweideren hire Vocabulaire.
- Workshop 1: Stufe 1.1 – Stufe 2.1, in Begleitung ihrer Eltern | 9:00 – 10:30 Uhr ;
- Workshop 2: Zyklus 2.2 – Zyklus 3.1 | 10:45 – 12:15 Uhr.
