Note Our website is currently undergoing maintenance to improve your user experience. Close

Events

Megafuesend: Clochardsbal

24 February 2024

21:00

Hall O

10

Ab 21 Auer gëtt dee grousse Clochardsbal gefeiert. En ass ee vun de beléiftste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Dëst Joer suergen den Oli P. an d’Ingrid Schwarz Band – fir Megastëmmung zu Déifferdeng. A fir deen Owend mat allerbeschter Fuesmusik a -stëmmung ze komplettéieren ass och den DJ Christian du Coin mat vun der Partie!

Praktesch Informatiounen

D’Fuesbaler sinn am Hall O, hannert dem Centre sportif Uewerkuer (avenue du Parc des Sports, L-4671 Oberkorn). Nieft dem Hall O ass e grousse Parking (beim Aquasud) an d’Gare vun Uewerkuer ass op 300m. Den Diffbus fiert bis 3:30 Auer an der Nuecht.

Entréespräis fir de Clochardsbal: 10 € (Virverkaf), 15 € (Oweskeess). D’Tickete mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op luxembourg-ticket.lu.

D’Publikatioun vun den Tombola-Gewënner ass e Freiden, den 1. Mäerz 2024 op www.differdange.lu an op www.megafuesend.lu.

 

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback