Note Our website is currently undergoing maintenance to improve your user experience. Close

Events

Emil Angel

29 January 2024

19:30

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

Free

A sengen humorvolle Kandheetserënnerunge léisst den Emil Angel déi Joren opliewen, wou hien, als klenge Bouf, sech no an no a senger Noperschaft kënneg mécht. Hien ass schonn als Kand un allem interesséiert, wat an der Strooss geschitt a bréngt et elo am Réckbléck fäerdeg, dem Lieser a senge klengen Erzielungen d’Leit an d’Liewe vun deemools – et geet ëm d’Zäit nom Zweete Weltkrich – plastesch virun Aen ze féieren. Villes huet sech zënterhier geännert, mä d’Leit an hirer Freed souwéi an hirem Leed si gréisstendeels déi selwecht bliwwen.

Den Emil Angel, gebuer 1940 zu Péiteng, war Schoulmeeschter, duerno Professer am Lycée Technique.

Zënter 1980 publizéiert hien op Lëtzebuergesch an op Däitsch: Theater, Erzielungen, Glossen, Reportagen, Romaner.

Säi Filmzenario „E Liewe laang“ gouf 1988 mam éischte Präis am „Concours national pour scénarios de films de fiction“ ausgezeechent a vun RTL verfilmt.

Den Emil Angel gouf am Oktober 2023 mam Stefan-Andres-Präis
ausgezeechent.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback