Now

Events

Liesowend mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

25 November 2024

19:30

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

Free

De Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit zéien aner Säiten op.

Zënter 2006 ginn de Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit reegelméisseg op Liestournée. Mol sinn se Auteuren an Textinterprete vu satiresche Réckblécker – Märd alors!, Sorry fir deen Duercherneen, Fréier wor alles… –, mol liest de Jhemp aus senge Romaner, dobäi ass dann de Jules Songwriter a Gittarist, fir der Literatur an den eegene Kompositiounen eng speziell Nout ze ginn.

Am éischten Deel weisen d’Auteure sech vun hirer literarescher Säit: De Jules Arpetti liest aus Le garçon qui caressait les baleines, enger philosophescher Fabel iwwert d’Relatioun tëschent de Mënschen an den Déieren (publizéiert bei den Editions Phi, 2019), dat vum Martine Franck illustéiert gouf, an Ausschnëtter aus där deemnächst publizéierter Suite: Le retour du garçon qui réparait les animaux.

De Jhemp Hoscheit stellt säin neie Roman D’Ouninumm vir, deen am Hierscht 2024 bei den Editions Guy Binsfeld publizéiert gëtt. Am zweeten Deel weisen déi zwee Artiste sech da vun hirer verspilltener a méi satirescher Säit, well d’Aktualitéit hinne weeder d’Sprooch nach den Otem verschléit. De Jules Arpetti presentéiert nei Songs an déi zwee Satiriker befreie sech aus Filterblosen an Echokummeren a kachen hir gepeffert Zëppercher, fir deem fade Geschmaach lasszeginn, deen den ideologeschen Eenheetsbräi verbreet.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback