Now

Events

De Spada am Stadhaus

30 October 2025

20:00

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

15€

E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Variété an Talk. D’Theema fir dës zweet Editioun ass „Money a Power“ an Dir sidd all ageluede matzemaachen a matzeschwätzen, wa Geschicht geschriwwe gëtt. Mir wëssen nach net genau, wéi eng Geschicht, awer et gëtt ganz sécher gutt.

En Owend wéi eng grouss Tut voller Chaos. D’Aktualitéit gëtt kommentéiert an analyséiert; et gëtt gespillt, gelaacht a villäicht souguer gekrasch. Grouss Emotiounen, eng Non-Stop- Live-Performance op der Bün, eng Showband an e wierklech meeschtens okay gelaunte Moderator.

Invitéiert fir dës Editioun vun „De Spada am Stadhaus” sinn ënner anerem d’Musekerin C’est Karma, d’Anne Faber, wou eis deen Owend seng Bouneschlupp Spasta kacht an de Stand-up- Kënschtler a Journalist Jérôme Beck.

Livemusek gëtt deen Owend vun den elo scho legendäre „Burrito Bléiser“ assuréiert.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback