Now
24 January 2026
14:00
Aalt Stadhaus – Bibliothèque
Free
Tock, tock, tock, ’t klappt un der Dier.
Wie kënnt bei d’Geessen op Besuch?
’t ass ee Bekannten, stellt iech vir!
Dee kritt es einfach ni genuch.
„Hat hie kee Léiergeld do ginn?”,
wäert dir iech sécher froen.
Da liest dëst Buch, fir ze gesinn,
ob dat wäert riicht ausgoen.
„Alarm am Geessenhaus” ass ENG méiglech Fortsetzung vum beschtbekannte Mäerchen „De Wollef an déi siwe Geessen“. Well et weess jo keen, wat deemools wierklech geschitt ass, wéi déi sechs Geessen aus dem Wollef sengem Bauch gerett gi waren an dat verfroossent Déier mam Bauch voller Steng am Pëtz louch.
D’Geschicht staamt aus der Fieder vum Marc Weydert, Laureat vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 a vum Publikumspräis 2025 mam Buch Krixkrax. D’Illustratioune si vum Laure Demontis.
Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.
Audio playback of the page content is active.
Stop playback