Now

Events

Kabaret Sténkdéier

06 December 2025

20:00

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

20€

Eise schéine bloe Planéit brennt, d’Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?

„Et gëtt héich Zäit“ ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d’Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genau richteg.

Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!

Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an accordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump, dem Papp, Putin, dem Jong, a Xi Jinping, dem hellege Geescht.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback