Jetzt
Neuigkeiten
A- A+

Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen
Är Meenung ass gefrot

Leschte Mëttwoch huet d’Stad Déifferdeng de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen, an engagéiert sech domat an engem participative Prozess, deen de Schwéierpunkt leet op den Zougang zu Informatiounen, op d’Participatioun vun all deene Leit, déi an der Gemeng wunnen oder schaffen, an op d’Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminatioun.

Bréngt Iech aktiv an

Egal, ob Dir nei an Ärer Gemeng sidd oder scho laang do wunnt oder schafft, am Kader vum Gemengepakt kënnt Dir:

  • Är Meenung soen a konstruktiv Virschléi maachen zu Theemen, déi eis all betreffen
  • D’Zesummeliewen an den Austausch an Ärer Gemeng aktiv mat gestalten
  • Deel si vun enger Gesellschaft, déi zesumme lieft, zesumme schafft an zesumme wiisst

Elo sidd Dir gefrot

Sot eis Är Meenung a gestalt och Dir d’Zesummeliewen an den Austausch an Ärer Gemeng aktiv mat!

etat.emfro.lu | Questionnaire am PDF-Format

D’Resultater ginn den 11. Juni 2024 um 19 Auer am Kulturzentrum Aalt Stadthaus (38, Av. Charlotte, 4530 Differdange) virgestallt, inklusiv Éierewäin.

 

 

Weider Informatiounen

Departement vum Zesummeliewen
T. 58 77 1-1558
sandra.ribeiro@differdange.lu

gemengen.zesummeliewen.lu

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden