Jetzt

Op eng gutt Noperschaft

A- A+
 

De géigesäitege Respekt schaaft ee gutt Zesummeliewen. Wa jidderee sech un e puer einfach Anstandsreegelen hält, steet enger harmonescher Noperschaft an enger gudder Liewensqualitéit fir all Awunner näischt am Wee. Wichteg ass, selwer mam gudde Beispill virzegoen an net drop ze waarden, datt een aneren deen éischte Schrëtt mécht.


 

Respekt

Begéint Ären Nopere mat Respekt:

  • Sidd héiflech a frëndlech.
  • Respektéiert d’Privatsphär vun Äre Matmënschen.
  • Hëlleft Ären Noperen aus (Bréifkëscht eidel maachen, Poubelle erausstellen etc.).

 

Déieren

Eis Frënn op véier Patte solle keen anere stéieren:

  • All Hond muss op der Gemeng ugemellt ginn.
  • Profitéiert vun eise Bëscher, fir mam Hond spadséieren ze goen. Sollt et emol virkommen, datt Ären Hond säi Geschäft an der Stad, um Trottoir etc. verriicht, raaft de Kéipchen op.
  • Haalt Ären Hond bannent den Uertschaften un der Léngt.
  • Hënn sinn um Kierfecht, am Schoulhaff an op der Spillplaz verbueden.
  • Evitéiert, datt Ären Hond konstant billt.

 


 

Kaméidi

  • An Ärem Gaart méinen, d’Hecke schneiden etc. ass vu méindes bis samschdes
    tëscht 7 an 20 Auer erlaabt, awer sonndes an d’Feierdeeg net.
  • Denkt och an der Nuecht un Är Noperen a respektéiert d’Rouzäiten tëscht 22 a 7 Auer.
  • Loosst keng Motoren (Auto, Maschinnen etc.) onnéideg lafen.
  • Är Nopere freeën sech, wann Dir net ze haart Musek lauschtert oder spillt.

 

Dreck

Et ass fir jidderee méi agreabel, an engem propperen Ëmfeld ze liewen:

  • Geheit Ären Offall an d’Poubelle, net op de Buedem.
  • Geheit Ären Haushaltsoffall net an déi ëffentlech Poubellen oder bei d’Noperen.
  • Haalt den Trottoir virun Ärem Haus propper.
    Geheit Är Zigarettekippen net op de Buedem.

 


 

Feieren & Grillen

  • Sot Ären Noperen am Viraus Bescheed, wann Dir eng gréisser Feier hutt. Nach besser: Invitéiert si op e Patt.
  • Bei Iech doheem dierft Dir bis 23 Auer grillen.
  • An eiser Gemeng gëtt et och ëffentlech amenagéiert Grillplazen, déi Dir kënnt benotzen: zu Lasauvage, am Stengercherswee Richtung Lasauvage, um Vesquenhaff an am Kannerbongert zu Nidderkuer.
  • An eisen ëffentleche Parken ass d’Grillen net erlaabt.

 

Am Gaart

Schneit Är Planzen am Gaart esou, datt si déi ëffentlech Weeër an Är Noperen net behënneren.


 

Op der Strooss

  • Haalt Iech un d’Vitesslimitatiounen, virun allem virun de Schoulen a fir d’Kanner an Ärer Noperschaft.
  • Stellt Iech op déi gezeechent Parkplazen.
  • Stellt keng Afaarten zou.
  • Stellt Ären Auto net op den Trottoir. Mënsche mat Rollstull oder Kannerkutsch soen Iech Merci.

 

Schnéi & Glatäis

Am Fall vu Schnéi oder Glatäis, raumt den Trottoir virun Ärer Dier.

 

Kontakt

Bei Konflikter zéckt net eis ze kontaktéieren:

Agents municipaux
T.: 58 771-1421
agents.municipaux@differdange.lu

Maison des conflits
Noperschaftskonflikt-Vermëttlungsdéngscht

T.: 58 77 1-1410

Broschür (Verdeelung vun der Broschür un all d’Stéit:
Oktober 2019) Illustratiounen: Kumiyonoe

Allgemengt Policereglement (Règlement général de police)

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden