De géigesäitege Respekt schaaft ee gutt Zesummeliewen. Wa jidderee sech un e puer einfach Anstandsreegelen hält, steet enger harmonescher Noperschaft an enger gudder Liewensqualitéit fir all Awunner näischt am Wee. Wichteg ass, selwer mam gudde Beispill virzegoen an net drop ze waarden, datt een aneren deen éischte Schrëtt mécht.
Respekt
Begéint Ären Nopere mat Respekt:
- Sidd héiflech a frëndlech.
- Respektéiert d’Privatsphär vun Äre Matmënschen.
- Hëlleft Ären Noperen aus (Bréifkëscht eidel maachen, Poubelle erausstellen etc.).
Déieren
Eis Frënn op véier Patte solle keen anere stéieren:
- All Hond muss op der Gemeng ugemellt ginn.
- Profitéiert vun eise Bëscher, fir mam Hond spadséieren ze goen. Sollt et emol virkommen, datt Ären Hond säi Geschäft an der Stad, um Trottoir etc. verriicht, raaft de Kéipchen op.
- Haalt Ären Hond bannent den Uertschaften un der Léngt.
- Hënn sinn um Kierfecht, am Schoulhaff an op der Spillplaz verbueden.
- Evitéiert, datt Ären Hond konstant billt.
Dreck
Et ass fir jidderee méi agreabel, an engem propperen Ëmfeld ze liewen:
- Geheit Ären Offall an d’Poubelle, net op de Buedem.
- Geheit Ären Haushaltsoffall net an déi ëffentlech Poubellen oder bei d’Noperen.
- Haalt den Trottoir virun Ärem Haus propper.
Geheit Är Zigarettekippen net op de Buedem.
Am Gaart
Schneit Är Planzen am Gaart esou, datt si déi ëffentlech Weeër an Är Noperen net behënneren.
Schnéi & Glatäis
Am Fall vu Schnéi oder Glatäis, raumt den Trottoir virun Ärer Dier.
Kontakt
Bei Konflikter zéckt net eis ze kontaktéieren:
Agents municipaux
T.: 58 771-1421
agents.municipaux@differdange.lu
Maison des conflits
Noperschaftskonflikt-Vermëttlungsdéngscht
T.: 58 77 1-1410
Broschür (Verdeelung vun der Broschür un all d’Stéit:
Oktober 2019) Illustratiounen: Kumiyonoe
Allgemengt Policereglement (Règlement général de police)